test

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Eng Jëfferchen am Steen (23/3/2017)

Lauschtert d'Emissioun op RTL Radio Muséessammlunge si richteg Schatzkummeren, déi nach esou munch Iwwerraschunge enthalen. Gallodorsettia kronzi heescht déi lescht, déi mir dann elo an der Naturmuséegeschicht virgestallt kréien. Wie verstoppt...



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Den Herbier vum Musée (9/3/2017)

An der Natur[musée]geschicht vun dëser Woch huele mir Iech mol eng Kéier hannert d’Kulisse vum Musée mat, an zwar do, wou net jidfereen einfach sou era ka spazéieren: Mir geheien nämlech e Bléck an d’Planzesammlung - oder och Herbarium genannt.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Aueren am Kierper (23/2/2017)

Déi léif Zäit! Permanent schéngt se ons fortzelafen. E gudde Grond duerfir mol hei an den Natur[musée]geschichten eng Kéier op d’Thema vun den internen Zäitmiesseren zréckkommen, déi all Liewewiesen a sengem Kierper huet an déi him op eng oder déi aner Manéier uginn, datt d’Zäit tatsächlech leeft.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Alles liicht! (9/2/2017)

Lauschtert d'Emissioun op RTL Radio Déi lescht Woch sinn d’Temperaturen e bëssen an d’Luucht gaangen. Dat ass sécher d’Erklärung, firwat ee moies erëm d’Villecher méi zwitcheren héiert! Geschwënn kommen d’Fréijoersgeviller bei den...



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Muséessammlungen (26/1/2017)

D’Sammlunge vum Musée sinn e Spigelbild vu senger laanger Geschicht an de Leit, déi hei geschafft hunn, respektiv nach ëmmer schaffen. An der Natur[musée]geschicht vun dëser Woch gëtt erzielt, vu wou dës Objeten iwwerhaapt hirkommen, wéi se am Musée versuergt ginn, a firwat iwwerhaapt.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: De Wollef zu Lëtzebuerg (12/1/2017)

De Wollef ass ënnerwee op Lëtzebuerg. Fir ons e bëssi méi doriwwer z’erzielen, hu mir haut fir ons Natur[musée]geschicht ganz aussergewéinlech Gäscht. Keen aus dem Musée, mee dräi Jonker, d'Claire, d'Serena an den Thomas, déi sech mol am 'natur musée' schlau gemaach hunn, wat dat dann esou mam Wollef op sech huet.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: En halleft Jorhonnert geodynamesch Miessungen zu Lëtzebuerg (28/12/2016)

Wann et iergendwou op der Äerd rubbelt, da mierke mir dat hei zu Lëtzebuerg. An der Natur[musée]geschicht vun dëser Woch loosse mir ons dat emol méi genee erklären. 't ass och d'Geleenheet, op dëser Plaz zwee eeler Filmer aus den Archiven ze weisen. Loosst Iech mol iwwerraschen.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Wéi d’Äerd lieweg ginn ass (22/12/2016)

Ah jo, an net mol 2 Wochen si mir schonns am Joer 2017. Wéi d’Zäit vergeet, soe se. Mä där Joren sinn der schonns am Laf vun der Äerdgeschicht eng Jett méi an d’Land komm. Wéivill dat der waren a wat do esou alles geschitt ass, ass d'Thema an der Natur[musée]geschicht vun dëser Woch mam Christiane Bemtgen an dem Claudine Biel aus dem ‘natur musée’ sengem Naturmobil.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: D'Naturgeschicht vum Chrëschtbeemchen

An der Natur[musée]geschicht vun dëser Woch geet et ëm déi Millioune Joer laang Naturgeschicht vum Chrëschtbeemchen.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: D’Kachrezept vun der Evolutioun (24/11/2016)

Haut viru genee 157 Joer, also de 24. November 1859, huet den Naturfuerscher Charles Darwin mat sengem Wierk “On the Origin of species” e Buch publizéiert ginn, dat ouni Zweifel zu deene wichtegsten an der ganzer Wëssenschaftsgeschicht zielt. E perfekte Sujet also fir eng nei Natur[musée]geschicht.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Wéi schlofen d’Déieren? (10/11/2016)

Eng Giraff mécht et am Duerchschnëtt 2 Stonnen am Dag, de Pinguin an d’Méck 10 Stonnen, e Léiw 14 Stonnen an e Fauldéier souguer ganzer 16 Stonnen. Dir hutt et erroden, an der Natur[musée]geschicht vun haut dréint alles ëm d'Schlofen.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Verstengert Stären (27/10/2016)

Wéi kënnt een als Paläontolog op d’Iddi d’Evolutioun vun de Schlaangestären z’erfuerschen? De Paläontolog Ben Thuy erkläert an dëser Natur[musée]geschicht, firwat hie sech fir dës ongewéinlech Déieren intresséiert.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Am Vulkan (13/10/2016)

Den 'natur musée' ass och an der Vulkanfuerschung aktiv. An der Natur[musée]geschicht vun dëser Woch begleede mir de Geophysiker Nicolas d'Oreye op seng Fuerschungsrees bei déi aktiv Vulkanen Nyiragongo a Nyamulagira an der Demokratescher Republik Kongo.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Häerzensgeschichten aus Latäinamerika (29/9/2016)

Lauschtert d'Emissioun op RTL Radio Och an der neier Saison ass op RTL Radio erëm all zwou Wochen eng Natur[musée]geschicht ze lauschteren. A well et déi lescht Kéier ass, wou et iwwer  ons Ausstellung iwwer Lëtzebuerger Naturfuerscher a Planz...



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: En eegenen Herbier iwwer de Summer uleeën (7/7/2016)

An der leschter Natur[musée]geschicht virun der Summervakanz geheie mir e Bléck an den Herbier vum 'natur musée'.



Natur[musée]geschichten op RTL: D’Champignonsziichter aus dem Musée (23/6/2016)

Eng Natur[musée]geschicht iwwer déi fléisseg Mataarbechter vum 'natur musée', déi esouguer op Nationalfeierdag schaffen.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: D’Fuerscher-Millionären aus dem ‘natur musée’ (9/6/2016)

Doduerch, datt d'Fuerscher aus dem 'natur musée' déi bedrote Biodiversitéit ënnersichen, an de Gestengssedimenter no der Paläo- a Geodiversitéit wullen, den Nuetshimmel no Asteroiden ofscannen, si se am gaangen een nom aneren zum Millionär ze ginn: un Observatiounsdaten.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Den Arboretum, eng Bamsammlung um Kirchbierg (26/5/2016)

Zënter 1994 entsteet am Arboretum um Kierchbierg eng méiglechst komplett Sammlung vu Beem a Sträicher aus Europa, souwäit se am Lëtzebuerger Klima wanterhaart sinn. Méi wéi 500 Aarte, Ënneraarten an Zorten aus 126 Gattungen an 59 Familljen sinn am Moment hei vertrueden. Den 'natur musée' ass responsabel fir d’wëssensschaftlech Betreiung vun der Sammlung.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Den Edouard Luja, e bedeitende Sammler

“Fotografië vum Edouard Luja aus dem Kongo an aus Brasilien” heescht d'Ausstellung, déi den 'natur musée' vum 14. Mee un am Kräizgang vun Neimënster presentéiert. Dës Natur[musée]geschicht stellt dëse bedeitende Sammler vir.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Mir wenzelen, wenzelt Der mat? (28/4/2016)

Eng Natur[musée]geschicht iwwer d'Natur am schéinste Véirel vun der Stad, dem Gronn. Liest a lauschtert se hei nach eng Kéier.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: 10 Joer Asteroidenentdeckung zu Lëtzebuerg (14/4/2016)

Lauschtert d'Emissioun op RTL Radio Viru bal engem Joer hue mir hei an den Natur[musée]geschichten iwwert Meteoritte geschwat. Haut geet erëm op en neien Tour duerch eist Sonnesystem. An zwar gi mir op d'Sich no Asteroiden. Ganz richteg. Opmierks...



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Fuerschung am 'natur musée' (17/3/2016)

Den 'natur musée' organiséiert dëse Samschden fir d'33. Kéier säin traditionelle Colloque iwwer de Patrimoine naturel, d’Biodiversitéit an d’Evolutioun. Invitéiert sinn 250 wëssenschaftlech Mataarbechter vum Musée, aus dem In- an Ausland. Eng gutt honnert wäerten dann och kënnen drun deelhuelen. Den 'natur musée' ass also och e Fuerschungsinstitut. An déi Fuerschung huet och hir Geschicht.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: De südleche Stärenhimmel (3/3/2016)

Eng Rei vun de beandrockendsten Himmelsobjeten stinn am südleche Stärenhimmel a sinn domat vun Europa aus net sichtbar. Dat ass schuet, mä de Fall ass jo net hoffnungslos. Entweder ‘t huet een d’Zäit an d’Geld an bucht een elo am Fréijor eng Rees an de Chile, Namibia oder Australien, fir sech dat Ganzt live unkucken, oder, an dat ass elo déi méi bëlleg Alternativ, et lauschtert een elo gutt bei onser Natur[musée]geschicht no



Natur[musée]geschichte op RTL Radio: D’latäinamerikanesch Botzequipe (18/2/2016)

An der Natur[musée]geschicht vun haut stelle mir eng speziell Equipe aus dem Musée vir, ouni déi et do am Moment net géif goen: Ons latäinamerikanesch Botzequipe



Natur[musée]geschichte op RTL Radio: Flilleken a Fiederen am Steen (4/2/2016)

Lauschtert d'Emissioun op RTL Radio Haut geet et an d’Lut, an d’Loft, also héich erop! Als Ophänker hu mir e Stéck aus de Muséessammlungen, dat elo net onbedéngt liicht wéi eng Fieder ass, sech also zum Fléien eegene géif, mä am Contrai...



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Schlaangen a Latäinamerika (21/1/2016)

“Kuerz no onser Arrivée huet ons e Plantagenaarbechter eng lieweg Nayacaschlaange bruecht, där hiren Hals mat enger Ficelle um Wupp vun engem zimlech laange Bengel festgebonne war. Si ass mat der selwechter Virsiicht ënnert eng eidel Këscht gedréckt ginn, op déi schwéier Steng leie koumen. Mir hätten d’Schlaang eigentlech direkt doutmaache kënnen, mä mir wollten erausfannen, wéi laang d’Déier ouni Nahrung liewe kéint.” - Nicolas Funck



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Gemoolten Natur (7/1/2016)

Schonns zënter der Renaissance am 16. Jorhonnert sinn europäesch Zeechner ausgezunn, fir sech e Bild vun der Villfalt vun der tropescher Déieren- a Planzewelt ze maachen. D’Europäer waren einfach verzaubert vun de Schéinheeten, deene se an dësen onbekannten Territoirë begéint sinn. Et waren Expeditiounen, déi nach ouni Kamera hu missen auskommen. D'Leit deemools hunn et also misse fäerdeg bréngen, den Zauber vu bizarre Planzen a Liewewiesen mam Crayon festzehalen.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Mineralien a Steng aus Latäinamerika (10/12/2015)

An der neier Ausstellung “Vun Orchideeën, Kakao a Kolibrien – Lëtzebuerger Naturfuerscher a Planzejeeër a Latäinamerika” geet et och ëm Steesicher. An dëser Natur[musée]geschicht stelle mir der zwee vir.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Wou kënns du dann hier? (26/11/2015)

Am Kader vun den den Naturmuséegeschichten op RTL Radio war d'Fuerscherin d'Natalia Osten-Sacken mat am Studio. Si kënnt aus Polen a schafft am Musée als Postdoc an der Sektioun vun den Invertebraten, also de wierbellosen Déieren a fuerscht do op Parasite vum Wäschbier.



Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Fliedermais um Science Festival (12/11/2015)

Haut geet de Science Festival am Gronn un. Eng kleng Ausstellung mat Atelier ass während dëse 4 Deeg am ‘natur musée’ ze gesinn. Et geet ëm Flantermais.



Publications @lu |