Aktivitéite fir Kanner a Jugendlech

Fäizäitaktivitéiten mam Panda Club a mam Science Club (mat Umeldung)

Fir Kanner tëschend 6 an 10 Joer, bidden mir Aktivitéiten an de Beräicher Natur und Wëssenschaft un, méi Info beim Panda Club.

Zesumme mat PINS A.s.b.l., der wëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni an dem Fonds National de la Recherche bidde mir fir Jugendlech tëschend 11 an 18 Joer Aktivitéiten an de Beräicher Wëssenschaft, Technik an Natur un. Méi Info beim Science Club.


En Ausfluch an den ‘natur musée’

Fro an der Receptioun vum ‘natur musée’ no der gratis Brochür “Rallye duerch den natur musée” (op D oder F) a maach e Rallye duerch déi verschidden Ausstellungsräim. Entdeck eist Sonnesystem, Vulkaner, Dinosaurier, wëll Déieren…

Naturspill-Filmer

Dës Rubrik ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur sichen. Reegelméisseg gi Mini-Videoe gepost, an deene gewise gëtt, wat ee mat einfache Mëttel esou alles am Bësch oder an der Natur ka maachen. Zil vun dësen Filmer ass et, d‘Kanner op spilleresch Aart a Weis fir d’Natur a seng Ëmwelt ze begeeschteren. Detailer zu de Mini-Videoe fannt dir op www.panda-club.lu