De Karakal Caracal caracal ass wéinst senge schwaarze Pinselouere liicht z’erkennen a gëtt wéinst senger Ähnlechkeet mam Luchs och als Wüsteluchs bezeechent. Trotz dëser Bezeechnung ass de Karakal net strikt u Wüste gebonnen, mä lieft an dréchnen Habitaten, wéi  Hallefwüsten, Steppen an Dréchebëscher. De Karakal ass en nuetsaktiven Eenzelgänger. Seng Beutedéiere sinn Huesen an Nagedéieren, […]