Picknick am Bësch – Theater fir Kanner beim Panda-Fest (16/9/2012)

Am Kader vum Panda-Fest presentéieren den ‘natur musée’ an de Panda-Club de Poppentheater “Picknick am Bësch” mam Carine Kayser.

De Bopa geet mam Joé an de Bësch a weist dem klenge Bouf, wéi schéin et hei ass. De Joe ass begeeschtert! Hien hëllt seng Frëndin Lotti och mat an de Bësch. Déi 2 Kanner picknicken a maache vill zum Onwee! D’Déieren am Bësch si guer net frou heiriwwer a froen ëm Hëllef! Wéi soll dat weidergon?

Poppentheater mam Carine Kayser

Zilpublikum: Kanner vun 3 bis 7 Joer, Elteren

Dauer: ca. 30 min. Op Lëtzebuergesch

Wéini: 11.30 Auer, 14.00 Auer a 15.45 Auer (déi dräi Opféierunge sinn ausverkaaft!)

Wou: ‘natur musée’

News archives |